Réckbléck op d’Generalversammlung 2024 vun eiser ONG

Galerie mat 17 Fotoen.

E puer Impressiounen vun der Generalversammlung (AG) 2024 vun eiser ONG, déi den 14. Mäerz am Festsall An Haffen zu Wickreng ofgehale konnt ginn. Mir soen der Famill Majerus-Clemes e grousse Merci, déi äis hir schéi Raimlechkeeten nees gären zur … Weider liesen

Fotoen, LLJ, LLJ – Service Coopération | Méi Gallerien | Comments Off on Réckbléck op d’Generalversammlung 2024 vun eiser ONG

 

 

 

 

 

 

 

Iwwert de Weekend vum 23. bis 24. Mäerz 2024 kréien déi Stater Leit d’Geleeënheet, fir sech e konkret Bild iwwer d’Aarbecht op de Bauerebetriber ze maachen.

An Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg gëtt op der Place de la Constitution – bei der Gëlle Fra – fir déi zwee Deeg e Bauerenhaff vun der “Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren” (LLJ) opgeriicht, fir den Interesséierten déi vill Facettën vum Bauerewiese méi nozebréngen.

 

LLJ | Comments Off on

Nouvelles de nos projets au Burkina Faso

Promotion de la traction asine

Récemment, le Ministère des Affaires étrangères et européennes (MAEE) a accepté de cofinancer notre nouveau projet d’appui à l’agriculture familiale :

L’utilisation des ânes de trait aide les familles rurales au Burkina Faso à accroître leur sécurité alimentaire. Elles deviennent moins dépendantes de la sècheresse et des autres conséquences du changement climatique. Weider liesen

LLJ, LLJ – Service Coopération | Comments Off on Nouvelles de nos projets au Burkina Faso

Christmas-Tour 2023

Nom groussen Erfolleg vun deene leschte Joren, wëllen d’Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) och nees dëst Joer alle Leit op eng speziell Manéier schéi Chrëschtdeeg wënschen.

Dofir fueren si e Dënschdeg, de 26. Dezember 2023 vu 16:00 Auer un, am Cortège mat hiren Trakteren, déi si fir Chrëschtdag dekoréiert hunn, laanscht verschidde Spideeler, Altersheemer a sozial Ariichtungen.

Iwwert follgende Link kënnt Dir iech d’Tier vun de siwe regionale Landjugendgruppen ukucken: https://www.google.com/maps/d/edit?mid=1rtflKqxZpFy7nTXMY-hBe1j2COOB06k&usp=sharing

Verpasst eis net!

LLJ | Comments Off on Christmas-Tour 2023

Auerzäiten Christmas-Tour 2023

LLJ | Comments Off on Auerzäiten Christmas-Tour 2023

Jongbauerendag 2023

E Sonndeg,de 26. November 2023 huet d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) op hiren traditionelle Jongbauerendag an de Lycée Technique Agricole zu Gilsdref invitéiert.

Fir eng drëtte Kéier gouf hei zu Gilsdref am Festsall de wuel wichtegsten Owend vun der LLJ a.s.b.l. präsentéiert, deen och nees live op de Soziale Medien iwwerdroe ginn ass, fir déi Leit déi de Wee an de Lycée Technique Agricole net konnten op sech huelen.

Den Här Weibëschof, Msgr. Leo Wagener, huet sengersäits alleguerten d’Nolauschterer begréisst a säi Grousswuert u d’Leit geriicht.

Uschléissend hunn d’Sara Thill an de Charel Welbes, Membere vum Aarbechtsgrupp „Agrarpolitik“, déi agrarpolitesch Stellungnam virgedroen, wou si d’Gedanken an d’Doleancë vun eise Memberen ugeschwat hunn. Dës Punkte sinn an der Table ronde duerno nees un Hand vu verschiddene Videoen, mat Diversifikatiounen aus der Landwirtschaft, déi eis Memberen ugaange sinn, opgegraff an diskutéiert gi vun eisen Invitéen.

Zum Schluss hunn den neien Ëmweltminister Serge Wilmes an déi nei Landwirtschaftsministesch Martine Hansen d’Wuert ergraff a puer weider Informatiounen an Erklärunge zu den ugeschwaten Themen ginn.

 

Stellungnahm Jongbauerendag 2023

Pressetext Jongbauerendag 2023

LLJ | Comments Off on Jongbauerendag 2023