De Landjugenddag 2012 am Lëtzebuerger Wort:
Landjugendddag 2012 – am Virfeld vum Event – Artikel am Wort
Landjugenddag 2012 – Artikel vum Monique Hermes am Wort vum 18-05-2012
De Landjugenddag 2012 am Lëtzebuerger Wort:
Landjugendddag 2012 – am Virfeld vum Event – Artikel am Wort
Landjugenddag 2012 – Artikel vum Monique Hermes am Wort vum 18-05-2012
Galerie mat 119 Fotoen.
D’Lëtzebuerger Landjugend Maacher huet de 17. Mee 2012 op Rouspert op den 38. Landjugenddag invitéiert. Niewent ville Frënn a Ancienen vun der Lëtzebuerger Landjugend waren op en en neits vill Jugendgruppen aus dem Land um Dill fir um beléiften Treff … Weider liesen
Galerie mat 25 Fotoen.
Impressiounen vun den uerdentleche Generalversammlungen 2012 vun den A.s.b.l.en “Lëtzebuerger Landjugend”, “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer” an der Daachorganisatioun “Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer”, déi e Freideg, de 4. Mee am Festsall vum Lycée Technique Agricole zu Ettelbréck ofgehale goufen.
D’Landjugen
d Cliärref invitéiert ganz häerzlech op d’Kiermes zu Eselbuer,
e Samschdeg, den 19. a Sonndeg, 20. Mee 2012
Wéi an deene vergangene Joren bidd den Organisator vun der Foire Agricole och dëst Joer nees de Grondschoulkanner an hirem Léierpersonal en intressanten an ofwiesslungsräichen Dag op der Foire Agricole un. E Freideg, den 29. Juni 2012 kréien si a verschiddenen Atelieren – déi an Zesummenaarbecht mat den Aussteller ausgeschafft ginn – d’Geleeënheet, fir d’Landwirtschaft mat hirer ganzer Vielfalt ze entdecken an ze erliewen.
De komplette Programm vum Dag gëtt Enn Mee hei publizéiert.
D’Umeldungen fir d’Bedeelegung un deenen eenzelnen Atelieren huele mir deemno vum 4. Juni 2012 un entgéint: um Tel. 44743 – 252 (vun 09:00 – 12:00 Auer) oder per Email landju@pt.lu.
Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säiten 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.
Rezent Informatiounen zu der Kooperatiounsaarbecht vun der ONG “Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.” fënnt deen Interesséierten am ONG-News 2012.
Galerie mat 18 Fotoen.
En Dënschdeg, de 27. Mäerz huet de Conseil d’administration vun der ONG ‘Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer – Service Coopération a.s.b.l.’ op déi uerdentlech Generalversammlung vum Joer 2012 an de Centre Convict agelueden. Bei dëser Geleeënheet huet de Vizepresident Carlo Schiltges, … Weider liesen
Eemol méi huet d’Landjugend Uewersauer hir Solidaritéit mat der ländlecher Bevëlkerung an Afrika duerch e generéise Geste zum Ausdrock bruecht. Si huet am Kader vun hirer Generalversammlung, déi den 3. Mäerz 2012 am Café ‘Op der Féitsch’ zu Allerbuer ofgehale gouf, e Scheck am Wäert vun 1.300 € un den Abbé Romain Richer, Nationalaumônier vun der LLJ – JB&JW, fir d’Kooperatiounsaarbecht vum Service Coopération vun de LJB&JW iwwerreecht. Am Numm vun dee Benefiairen seet de Verwaltungsrot vun der ONG deem dynamesche Grupp e ganz grousse Merci!
Vill Informatiounen zu der Verbandsaarbecht an den Aktivitéiten vun der Lëtzebuerger Landjugend – Jongbaueren a Jongwënzer fannt dir op de Säiten 7 – 11 vum Lëtzebuerger Duerf. D’Lëtzebuerger Duerf publizéiere mir an Zesummenaarbecht mat der Kathoulescher Männeraktioun, déi fir d’Säiten 2 – 6 zoustänneg ass.